Coutures
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|
|
|---|---|
| Land: | |
| Regioun: | Loutrengen |
| Departement: | Moselle |
| Arrondissement: | Château-Salins |
| Kanton: | Château-Salins |
| Awunner: | 198 (1999) |
| Geographesch Koordinaten: | 48° 49’ 15’’ N, 06° 29’ 01’’ O |
Coutures ass eng franséisch Uertschaft an der Gemeng Château-Salins am Departement Moselle a Loutrengen.
Bis 1975 war Coutures eng eegestänneg Gemeng, bis se an deem Joer als Commune associée u Château-Salins ugeglidert gouf.
Coutures läit am Weste vu Château-Salins um Rand vum Bëschmassif mat dem Numm Forêt de Grémecey.
Op Coutures kënnt ee vu Château-Salins aus iwwer d'Départementale D 174b.

